Fir nozelauschteren

Den Amtsuntrëtt vum Martin Rajna

Den 31 Joer alen ungareschen Dirigent Martin Rajna dirigéiert säin éischte Concert als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.

auto_stories

2 min

headphones

130 min

Martin Rajna, Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker | © Eric Engel/Philharmonie play_arrow
Martin Rajna, Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker (Foto: Eric Engel/Philharmonie)

De Martin Rajna ass den 9. Chefdirigent, deen d'Lëtzebuerger Philharmoniker elo kréien. Mat 31 Joer ass de Martin Rajna och dee Jéngste vun hinnen allen. Hien ass nämlech knapp 2 Joer méi jonk wéi deemols den Henri Pensis, deen d'Lëtzebuerger Philharmoniker 1933 gegrënnt huet.

Fir seng éischt Impressioun als neie Kapp un der Spëtzt vum Orchester bréngt de Martin Rajna och Musek aus senger Heemecht mat. Zwee ungaresch Komponisten huet hien op de Programm gesat: de Györgÿ Kurtág an de Béla Bartók.

E feierleche Schluss kréint säin Amtsuntrëtt mat der éischter Sinfonie vum Gustav Mahler.

Um Programm:

György Kurtág: Stele, Op. 33

Béla Bartók: Concerto fir Gei Nr.1, Sz. 36

Gustav Mahler: Sinfonie Nr.1 “Titan” 

 

Interpreten:

Veronika Eberle (Gei)

Lëtzebuerger Philharmoniker

Martin Rajna (Dir.)

Dëse Concert gouf den 2. Oktober 2026 live um Opus iwwerdroen. D'Opnam wäert hei an der Mediathéik bis den 2. November 2026 disponibel sinn.

Lauschterenplay_arrow