Radioen

On air

De barocke Moien  |  Joseph Haydn - Sinfonie Nr.20 an Do Majeur, Hob. I:20, I. Allegro Molto - Heidelberger Sinfoniker, Johannes Klumpp (Dir.)

play_arrow Live
search

/ De Braatschist Sào Soulez Larivière am Gespréich

Rising Star

De Braatschist Sào Soulez Larivière am Gespréich

De Braatschist Sào Soulez Larivière ass ee vun de Rising Stars aus dëser Saison vun ECHO, der European Concert Hall Organisation. Domat huet hien d'Chance mat am ganze 17 Concerten duerch di verschiddenst Concertshaiser an Europa ze touren.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

Sào Soulez Larivière | © Clara Evens play_arrow
Quell: www.saosoulezlarivière.com (©Clara Evens)

De Braatschist Sào Soulez Larivière steet mat senge Mëtt zwanzeg Joer nach an de fréie Jore vu senger Carrière. An trotzdeem gouf hien zum "Young Artist of the Year 2023" gewielt an huet och den ICMA Award gewonnen.

De Museker, deen aktuell zu Berlin wunnt, ass dëst Joer dann och als ee vun de Rising Stars aus dëser Saison vun ECHO, der European Concert Hall Organisation, nominéiert ginn. Domat huet hien d'Chance mat am ganze 17 Concerten duerch di verschiddenst Concertshaiser an Europa ze touren. Eng immens Erfarung fir de jonke Museker mat franséisch-hollänneschen Originnen, iwwert déi hien am Gespréich mam Lex Kauffmann geschwat huet.

Lauschtert hei den Interview mam jonke Braatschist Sào Soulez Larivière.

Lauschterenplay_arrow

De Concert zu Lëtzebuerg ass den 13. November 2024 ab 19h30 am Kammermusekssall vun der Philharmonie.

Programm

Rebecca Saunders (1967-   )

Hauch II

Julia Wolfe (1958-   )

Cloth fir Braatsch an Tounband

Robert Schumann (1810-1856)

Märchenbilder op.113

Igor Stravinsky (1882-1971)

Elegy fir Braatsch

Dmitri Schostakovitch (1906-1975)

Sonat fir Braatsch a Piano

    Interpreten

    Sào Soulez Larivière, Braatsch

    Julia Hamos, Piano