Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Jean Sibelius - Karelia Suite, Op. 11, I. Intermezzo - Philharmonia Orchestra, Vladimir Ashkenazy (Dir.)

play_arrow Live
search

/ “Den Cello huet mech ausgewielt”

Klassik Aktuell

“Den Cello huet mech ausgewielt”

De jonke serbeschen Cellist Petar Pejčić spillt säin alleréischte Concert an der Philharmonie (22.10.)

auto_stories

1 min

headphones

10 min

play_arrow

De Petar Pejčić ass 22 Joer jonk a spillt Cello zanter sengem 4. Liewensjoer. Concerte gëtt hie ronderëm d’ganz Welt, an den 22. Oktober kënnt hie fir d’alleréischt Kéier op Lëtzebuerg. An der Philharmonie trëtt hien zesumme mam Ensemble Esperanza vu Liechtenstein op, an dat ass och hiren alleréischte gemeinsame Concert. Am Mëttelpunkt vum Owend stinn dem Tchaikowsky seng Rokoko Variatiounen.

De Petar Pejčić huet dem Marie Schockmel ënnert anerem verroden, wéi hien sech physesch a mental op Concerte virbereet a firwat hien als Kand den Cello gewielt huet.

Lauschterenplay_arrow

Méi Informatiounen iwwert de Concert fannt dir hei.