Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  

play_arrow Live
opus

/ „Verhältnisméisseg Géigemoossname“ op US-Importtaxe 

EU reagéiert 

„Verhältnisméisseg Géigemoossname“ op US-Importtaxe 

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen sot, et wéilt ee mat  „verhältnisméissegen Géigemoossname“ op d'US-Importtaxen op Stol an Aluminium reagéieren. Si huet awer oppe gelooss, wéi genee déi Reaktioun soll ausfalen.

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Jim LoScalzo - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Jim LoScalzo - Pool via CNP

Den US-President Donald Trump hat um Dënschdegmoien een Dekreet ënnerschriwwen, datt vum 12. Mäerz u 25 Prozent Taxen op Importer vu Stol an Aluminium aus alle Länner sollen a Kraaft trieden. 

An den Donald Trump plangt weider Taxen: Hie wéilt notamment d‘Taxen iwwerall do erhéijen, wou d‘USA den Ament manner Taxen op Gidder verlaange wéi hir Handelspartner. Grouss Differenze par rapport zu der EU géif et do awer just an e puer Beräicher ginn, esou déi däitsch Presseagence, ausser am Agrarsecteur, wou d‘EU-Taxe bal duebel esou héich si wéi déi vun den USA. Allerdéngs géif do schonn elo wéineg exportéiert.