Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Franz Schubert - Schwanengesang, D. 957, Nr.4, Ständchen - Jean-Nicolas Diatkine (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Nicolas Schmit: "De Luc Frieden huet ni ee ganz groussen europäesche Geescht bewisen"

No Net-Nominatioun fir d'EU-Kommissioun

Nicolas Schmit: "De Luc Frieden huet ni ee ganz groussen europäesche Geescht bewisen"

No der Nominatioun vum Christophe Hansen als EU-Kommissär fir Landwirtschaft, huet de Kommissär vu bis elo, den Nicolas Schmit de Lëtzebuerger Premier am 100,7-Interview kritiséiert.

auto_stories

3 min

headphones

10 min

Nicolas Schmit | © Chris Zeien play_arrow
Foto: Chris Zeien

De Bäitrag lauschterenplay_arrow

"De Luc Frieden huet ni ee ganz groussen europäesche Geescht bewisen an hien huet gemengt, hie géif Lëtzebuerg domat Déngschter leeschten", esou den LSAP-Politiker, deen als Beispill de Finanzskandal Lux Leaks vu virun 10 Joer genannt huet. Den Nicolas Schmit war déi lescht fënnef Joer Lëtzebuerger EU-Kommissär.

Den Nicolas Schmit gesäit eng Co-Responsabilitéit tëschent dem Luc Frieden an der Ursula von der Leyen, datt hien als Spëtzekandidat vun den Europäesche Sozialdemokrate bei den Europawalen, net Member vun der neier EU-Kommissioun gëtt. Hie wier op allefall bereet gewiescht fir virun ze maachen, sou den Nicolas Schmit.

Parteiinteressen iwwer d'Konzept vun de Spëtzekandidaten

Dem Nicolas Schmit no, wiere ganz kloer Parteiinteressen iwwert déi generell europäesch Konzeptioun vun de Spëtzekandidate gestallt ginn. "Et war also relativ einfach mech do z’eliminéieren."

Vun der Ursula von der Leyen hat den Nicolas Schmit ee Posten als "envoyé spécial" offréiert kritt. Dat hat de Radio 100,7 déi virlescht Woch gemellt. "Een Trouschtpräis", deen den LSAP-Politiker net konnt an net wollt unhuelen.

"Ech hunn dat absolut affrontéiert fonnt. Ech hu fonnt, datt dat eigentlech ënnert menger perséinlecher Dignitéit wier."

D'Ursula von der Leyen hat den Dënschdeg d'Kandidate fir déi nei EU-Kommissioun virgestallt. Den CSV-Politiker Christophe Hansen soll Landwirtschaftskommissär ginn. Hie wënscht dem Christophe Hansen bonne chance fir säin neie Posten a fir „een explosiven Dossier, deen natierlech fir Europa wichteg ass".

Landwirtschaft zu Lëtzebuerg éischter marginal

Den EU-Kommissär fir Beschäftegung vu bis elo, den Nicolas Schmit huet sech awer d’Fro gestallt, ob d’Landwirtschaft och ee wichtegen Dossier fir Lëtzebuerg ass. Wann een den Undeel vun der Landwirtschaft um Lëtzebuerger PIB géif kucken, da wier deen éischt marginal.

"Ech hoffe jo, datt déi gutt Familljekontakter tëschent dem Här Hansen a senger Cousine d’Saache méi einfach maachen. Et ass jo elo méi einfach fir d’Lëtzebuerger Baueren, direkt zu Bréissel unzeklappen."

Dem Christophe Hansen seng Cousine ass d’Landwirtschaftsministerin Martine Hansen.

Wat seng eegen Zukunft ugeet, huet den Nicolas Schmit nach am Interview gesot, hie wier "absolut interesséiert nach eppes ze maachen". An deem Kontext huet hie gesot, datt hien den 100,7-Bericht de Mëttwoch de Moien iwwert d’Konsequenze vun der krimineller Aktivitéit bei der Caritas mat Bestierzung gelauschtert hätt.

Den ganzen Interview mam Nicolas Schmit lauschteren

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Europawalen