Den OGBL fuerdert op en Neits Toiletten op all Terminus fir Buschaufferen
Den OGBL fuerdert e garantéierten Zougang zu Toilettë fir d‘Buschaufferen. D'Gewerkschaft reagéiert domat op eng Äntwert vun der Mobilitéitsministesch op eng parlamentaresch Fro, an där de Manktem un Toiletten unerkannt gëtt.
Eng Opnam vum OGBL-Protest fir op d'Toilettesituatioun fir Buschaufferen opmierksam ze maachen (Foto: Jo Welfringer)
Den OGBL kritiséiert, datt et ëmmer nach keen Inventaire dovu gëtt, op wéi engen Terminussen et en Zougank zu Toilettë gëtt. D'Gewerkschaft fuerdert konkret Mesuren an e kloren Zäitplang, fir den Zougank zu propperen Toilettë fir alleguer d‘Buschaufferen a Buschauffeschen.
Schonn zënter längerem mécht den OGBL op dëse Problem opmierksam. Am Mäerz hat een dofir och e Protestpiquet um Kirchbierg organiséiert.