Mierscher Theater

Pit Ewen an Olivier Garofalo nei Direktere vum Mierscher Theater

Den Olivier Garofalo an de Pit Ewen iwwerhuelen als artisteschen Direkter an als Direkter d’Successioun vum Claude Mangen.

auto_stories

2 min

Olivier Garofalo a Pit Ewen  | © Bohumil Kostohryz
Olivier Garofalo a Pit Ewen (Foto: Bohumil Kostohryz)

De Conseil d’Administration hätt béid Kandidaten eestëmmeg a senger Sëtzung vum 19. Januar 2026 als nei Direktere gewielt, nodeems si vun engem Comité de recrutement recommandéiert goufen. Dëst schreift de President vum Verwaltungsrot Marc Fischbach an engem Communiqué.

Eng nei Duebelspëtzt

Den Olivier Garofalo an de Pit Ewen sollen als nei Duebelspëtzt den éischten August 2026 d’Successioun vum aktuellen Direkter Claude Mangen iwwerhuelen. “Als laangjärege Mataarbechter vum Haus, kennt de Pit Ewen déi noutwenneg Moderniséierungsprozesser, hien ass zu Lëtzebuerg beschtens vernetzt an hien huet eng grouss Expertis am Beräich vun der Musek”, gëtt de Marc Fischbach am Communiqué zitéiert. “Den Olivier Garofalo huet op där anerer Säit e groussen Deel vu senger Karriär als Dramaturg an Dramatiker un Theateren an däitsche Stied absolvéiert, war awer och zu Lëtzebuerg present a wäert dank senger Erfarung a sengem Netzwierk d’Entwécklung déi d’Haus bis elo gemaach huet weiderbréngen an d’Profil prägen.”

Laut dem Communiqué géif domat fir déi éischte Kéier en Auteur un der Spëtzt vun engem Lëtzebuerger Theater stoen. Den Olivier Garofalo soll an Zukunft och fir de Mierscher Theater schreiwen an inzenéieren.

Éischt Accente well virun der Reouverture

De Pit Ewen an den Olivier Garofalo iwwerhuelen domat als Direkter an als artisteschen Direkter d'Successioun vum Claude Mangen, deen d’Saison 2026/27 well konzipéiert huet an deemnächst an d'Pensioun geet. Trotzdeem kënne si well éischt strukturell a kënschtleresch Impulser setzen. Mëtt 2027 soll de Mierschter Theater da sanéiert ginn an 2028, ënner der neier Direktioun nei opgoen.

Dee ganze Communiqué huet de Mierscher Theater och op Facebook publizéiert. Dir kënnt en hei noliesen.