Marie Schockmel: Wann Dir schonn eemol mat engem Hond spadséiere gaange sidd, da kennt Dir d'Situatioun bestëmmt: Hënn rappe gären un der Léngt, selwer probéiert een awer a sengem eegenen Tempo ze trëppelen ... E bëssen esou kann een d'Energie vum Klassik-Album vun dëser Woch beschreiwen, mengt de Luc Boentges - Luc, dat mam Hond muss de mir elo méi genee erklären ...
Luc Boentges: Ech fannen, datt ee bei der Musek e schwéiert Gewiicht spiert, eng Kraaft, déi no vir zitt, déi awer net fortleeft, respektiv fortlafe gelooss gëtt. D'Léngt gëtt net lassgelooss.
An dësem Bild ass et iwweregens den Norwegesche Radio-Orchester deen d'Roll vum Hond iwwerhëlt an den Dirigent Petr Popekla vun deem, deen d'Léngt am Grapp huet. Zesummen hu si e Freideg en neien Album mam Wolfgang Amadeus Mozart senger drëttleschter an zweetleschter Sinfonie beim Label LAWO erausbruecht.
Genee, an deen Extrait iwwer deen ech grad schwätzen, ass den éischte Saz aus der 39. Sinfonie, also där drëttleschter.
Du hues d'Energie hanner dësem Saz beschriwwen, bleift déi permanent bestoen?
Jo, ech géif scho soen. Zwar net ëmmer d’selwecht héich, mee se schéngt zu der Grondphilosophie vun der Opnam ze zielen. De Klang ass passend zu der Energie e breeden, fetten, kéint ee bal soen. Et gi wierklech grouss Kontraster an der Lautstäerkt an trotzdeem ass alles kontrolléiert.
An der 40. Sinfonie ass de Charakter méi düster. Ännert dat eppes und der Approche vum Petr Popelka?
Nee, eigentlech net. De Petr Popelka bréngt d'Detailer nees mat de selwechte Stilmëttel ervir. Och hei sinn d'Kontraster grouss, de Klang ass immens breet an d'Intensitéit héich. Souwuel d'Balance wéi och den Tempo bleiwen dobäi ëmmer kontrolléiert, woubäi mir nees beim Hond un der Lénkt wieren.
Lauschterenplay_arrow
Norwegian Radio Orchestra, Petr Popelka (Foto: Thomas Wolden)
Den "Orchester vum ganze Land"spillt Mozart
Den Norwegian Radio Orchestra (KORK) ass a senger Heemecht immens beléift. De Spëtznumm "Hele Landets Orkester" (Norwegesch fir "dem ganze Land säin Orchester") kënnt dowéinst net vun Näischt. De KORK hat zanter senger Grënnung 1946 e grousse Succès mat sengen Interpretatioune vu liichter Musek a grousse Klassiker. Mat engem breede Repertoire vu Barock, Klassik bis hin zu Jazz, Pop a Rock, huet den Orchester et gepackt, e feste Bestanddeel vun der norwegescher Kultur ze ginn.
Petr Popelka
Nodeems hie mat eelef Joer Pianosstécker vum Leoš Janácek héieren huet, decidéiert den Tschesch Petr Popelka Museker ze ginn. Zanterdeem huet säi Wee hien als Solo-Kontrabassist an d'Staatskapelle Dresden geféiert, dunn als Gaaschtdirigent bei de Janácek Philharmonic Orchestra bis hin zu senger Positioun als Chefdirigent beim KORK. Vun der Saison 2023-2024 u gëtt hien de Chefdirigent vun de Wiener Sinfoniker an am Mee 2024 dirigéiert de Petr Popelka och d'Lëtzebuerger Philharmoniker am Kader vun engem Concert an der Philharmonie.
Mozart: 3 Sinfonië bannent sechs Wochen
De Mozart komponéiert am Summer 1788 bannent annerhallwem Mound seng dräi lescht Sinfonien. D'Sinfonien 39 bis 41 schreift de Salzburger wärend enger Zäit, an där hien op eemol manner Succès huet a virun allem ëmmer manner Suen. De Petr Popelka plangt zwee Albume mam KORK, an deene si dem Mozart seng Musek interpretéieren. Op der aktueller Sortie sinn d'Sinfonien 39 a 40 ze héieren.
Mir benotze Cookien an aner Technologië fir Iech personaliséierte Contenu unzeweisen. Andeems Dir op OK klickt, erkläert Dir Iech domat averstanen.