Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  John Williams - When You're Alone, aus 'Hook' (Film) - The City of Prague Philharmonic, Nic Raine (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Den SNE fuerdert, datt Kanner kënnen aus dem regulären Unterrecht erausgeholl ginn

Educatioun

Den SNE fuerdert, datt Kanner kënnen aus dem regulären Unterrecht erausgeholl ginn

Der Enseignantsgewerkschaft SNE no ass d’Situatioun an der Grondschoul deelweis “dramatesch”, well ëmmer méi Kanner verhalensopfälleg wieren a gesondheetlech Problemer hätten. Munch Kanner hätte souvill Schwieregkeeten, datt d’Schoul net méi d’Prioritéit wier, mee eng Therapie baussent dem Klassesall néideg wier, sou den SNE-President Patrick Remakel de Moie virun der Press.

auto_stories

1 min

SNE Pressekonferenz | © Christiane Kleer
Foto: Christiane Kleer

Dowéinst fuerdert d’Gewerkschaft, datt eenzel Kanner zäitweis aus dem regulären Unterrecht erausgeholl ginn. D’Ouverture an deem Sënn, déi den Educatiounsminister Claude Meisch gemaach huet, begréisst den SNE deemno.

Wichteg wier och nach ee Rekrutéierunsgprogramm fir d’Enseigannten um Terrain ze entlaaschen. Gefuerdert gëtt doriwwer eraus ee gesellschaftleche Wandel. Ville Kanner géif an der Schoul, an der Betreiung, an doheem ze vill Programm opgedrummt ginn. Wichteg wier, datt si Zäit kréiche fir sech ze langweilen an ze raschten.