Wien hätt et geduecht: All déi Musek mat de grousse Gefiller, déi mir besonnesch gäeren hunn, verdanke mir Experimenter aus der Renaissance. Deemols experimtentéiere Geléierter an Norditalien mat der sougenannter „Musica nova“, enger „Neier Musek“, déi d‘Nolauschterer begeeschtere kann. Ee vun de Pionéier ass de Vincenzo Galilei, de Papp vum berüümte Galileo Galilei, deen seng Freed um Experimentéieren an der Wëssenschaft sécher sengem virwëlzege Papp ze verdanken huet.