Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Gustav Holst - D'Planéiten, Op. 32, IV. Jupiter - The Bringer of Jollity - Royal Scottish National Orchestra, David Lloyd-Jones (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Den éischten Album vum Arthur Stockel

Nei Lëtzebuerger Produktioun

Den éischten Album vum Arthur Stockel

Den 28 Joer jonke Soloklarinettist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, den Arthur Stockel bréngt mat "Weber-Clarinet Concertos & Quintet" säin éischten eegenen Album eraus.

auto_stories

2 min

headphones

6 min

play_arrow
De Klarinettist Arthur Stockel a säin éischten Album

Zwee bis dräi Joer huet d'Plangen, d'Ophuelen an d'Finalisatioun vun Arthur Stockel sengem éischten Album gedauert.

D'Wierker vum Carl Maria von Weber begleeden de jonke Museker awer schonn zanter sengem 13. Liewensjoer.

Ugefaangen huet et als Repertoire fir ee Concours, bäi deem den Arthur Stockel gewanne konnt. Ma elo huet dës Musek et op säin éischten Album gepackt, deen zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, dem Quatuor Hanson an dem Dirigent Leo McFall entstanen ass.

Am Gespréich mam Lex Kauffmann, schwätzt de Klarinettist iwwert dës intensiv Zäit an de Prozess vun der Produktioun.

Lauschterenplay_arrow

Gläichzäiteg ass dës Produktioun och eise Klassik Album vun der Woch. Och hei kënnt dir ganz gäre ralauschteren.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Carl Maria von Weber (1786-1826)

  • Klarinetteconcerto No.1 a Fa mineur, op.73
  • Klarinettequintett, op.34
  • Klarinetteconcerto No.2 a Mi bémol Majeur, op.74

Interpreten:

  • Arthur Stockel, Klarinett
  • Orchestre Philharmonique du Luxembourg
  • Leo McFall, Dirigent
  • Quatuor Hanson