Zwee bis dräi Joer huet d'Plangen, d'Ophuelen an d'Finalisatioun vun Arthur Stockel sengem éischten Album gedauert.
D'Wierker vum Carl Maria von Weber begleeden de jonke Museker awer schonn zanter sengem 13. Liewensjoer.
Ugefaangen huet et als Repertoire fir ee Concours, bäi deem den Arthur Stockel gewanne konnt. Ma elo huet dës Musek et op säin éischten Album gepackt, deen zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, dem Quatuor Hanson an dem Dirigent Leo McFall entstanen ass.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann, schwätzt de Klarinettist iwwert dës intensiv Zäit an de Prozess vun der Produktioun.
Gläichzäiteg ass dës Produktioun och eise Klassik Album vun der Woch. Och hei kënnt dir ganz gäre ralauschteren.
Programm:
Carl Maria von Weber (1786-1826)
- Klarinetteconcerto No.1 a Fa mineur, op.73
- Klarinettequintett, op.34
- Klarinetteconcerto No.2 a Mi bémol Majeur, op.74
Interpreten:
- Arthur Stockel, Klarinett
- Orchestre Philharmonique du Luxembourg
- Leo McFall, Dirigent
- Quatuor Hanson