Haut den Owend spillen d´Lëtzebuerger Philharmoniker eng konzertant Versioun vum Richard Wagner sengem Fliegenden Holländer. Hannert dem Dirigentepult: de 25 järege finneschen Dirigent Tarmo Peltokoski. Den international unerkannte Wagnerianer hat schonn am Alter vun 22 Joer d´Integral vum Wagner Ring dirigéiert. Am Gespreich mam Marie Trussart erkläert hien ënner anerem firwat hien denkt datt een d´Konscht vum Kënschtler muss trennen an och wei seng Faszinatioun fir de Wagner iwwerhaapt ugefaangen huet. An hie setzt sech hannert dem Piano an erkläert dem Wagner seng Leitmotivtechnik.
Klassik Aktuell
Tarmo Peltokoski
De 25 järege finneschen Dirigent Tarmo Peltokoski dirigéiert haut den Owend d´Lëtzebuerger Philharmoniker. Um Programm: eng konzertant Versioun vum Wagner sengem Fliegenden Holländer.
auto_stories
1 min
headphones15 min
(Foto: Tarmo Peltokoski © Peter Rigaud)