Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ DialoRgue

KLASSIK AKTUELL

DialoRgue

Dat ass den Titel, wann een op Franséisch Dialogue an Orgue kombinéiert. Den Titularorganist vun der Diddelenger Kierch, Alessandro Urbano, an zwee Invitéen trieden an insgesamt 5 ënnerschiddleche Seancen mam Publikum um Duxall an den Dialog.

auto_stories

1 min

headphones

10 min

Titularorganist zu Diddeleng | © radio100,7 / 2024 play_arrow
Alessandro Urbano (Foto: radio100,7 / 2024)

Et ass en haart Instrument, an awer gesäit een net sou dacks wéi et gespillt gëtt. Dat muss awer net sou bleiwen. An der Serie DialoRgue zu Diddeleng an der Kierch kann de Public mat op den Duxall kommen, de Presentateuren nolauschteren a Froe stellen.

De Christophe Mirkes huet mam Alessandro Urbano, Initiateur vun der Serie DialoRgue, geschwat an nogefrot wat de Public an dëser Saison erwaart. Et ginn nämlech net nëmmen Erklärungen zu Wierker oder zur Uergel. Och dem Organist seng mental Ustrengunge beim Spille ginn dëst Joer thematiséiert.

Lauschterenplay_arrow

Den éischten Dialorgue ass Sonndes, den 21.Januar, mëttes um véier Auer an der Kierch zu Diddeleng. Hei geet et ëm Musek fir Uergel vum Franz Liszt.

De Programm vun der ganzer Saison fannt dir hei.