Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Herny Mancini (arr. Stephan Koncz) - Theme from the Pink Panter - Philharmonix

play_arrow Live
search

/ Allerhand Dicksereien an der Philharmonie

Klassik-Aktuell

Allerhand Dicksereien an der Philharmonie

Den Dënschden, 24. Oktober spillt den Duo Tonnar-Urwald e Concert zësumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker fir dem Edmond de la Fontaine seng 200 Joer ze feieren.
Um Programm: Wierker an Adaptatiounen vum Dicks esou wéi eege Kompositioune vum Duo.

auto_stories

1 min

headphones

10 min

Serge Tonnar a George Urwald, Concert vum 24.10 200 Joër Dicks an der Philharmonie | © Sophie Delhaye play_arrow
(Foto: Sophie Delhaye)

Nächsten Dënschden (24.10.) ass an der Philharmonie e Concert ënnert dem Numm '«Edmond!» 200 Joer Dicks'. De Serge Tonnar an de Georges Urwald lueden op eng Rees duerch dem Edmond de la Fontaine säi Liewen. Begleet vun de Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert der Baguette vum Ivan Boumans gi bekannten a manner bekannte Lidder, esou wéi nei Kompositioune vum Duo gespillt. D'Marie Trussart huet mam Serge Tonnar doriwwer geschwat, firwat dem Dicks säi Wierk bis haut aktuell bleift, wat fir eng Bedeitung den Dichter a Komponist fir d'Kulturierwen a fir hie perséinlech huet. Awer och wéi de Projet entstanen ass a wat um Programm vum Concert steet.

Lauschterenplay_arrow