Die Musikalische Hintertreppe, dat kléngt vläicht op den éischte Bléck e bësse komesch, wéi kann een deen Titel verstoen?
Jo tatsächlech, dat ka vläicht deen een oder aneren erstaunen. Musek kennt ee jo normalerweis ganz representativ aus dem Concertssall oder vun der Operebün. D’Hintertreppe ass dat, wat d’Perspektiv ännert an déi virwëlzeg maache kann. Mir wësse jo vu Rock-Fans, datt et Backstage och ganz spannend ka sinn. An tatsächlech probéieren ech neien Zougang ze schafen, zu deene Saachen, déi ee vläicht anescht kennt, aus den éischter representativen Erzielungen iwwer déi grouss Nimm. Do ginn et ganz vill Aspekter, déi engem op den éischte Bléck eigentlech net esou séier an de Sënn géife kommen. An dat huet mech virwëlzeg gemaach, och emol vun dëser Säit un d’Musek erunzegoen.
Elo mol vläicht e bësse méi konkret: Wouhinner féiert dës Hannertrap?
Konkret sollt et ëm d’Komponistinnen an d’Komponiste als Mënsche goen, hiren Alldag an hiert privat Liewen. Et geet mir net ëm d’Glorifizéieren. Et gi jo eng ganz Rei Originaldokumenter, wéi Tagebicher a Bréiwer, déi dacks eigentlech evitéiert ginn, well se vläicht ze kuriéis sinn. Mee natierlech hat och all Museker an all Musekerin, esou bekannt si och sinn, seng Suergen, seng Glécksamenter a si huet och sécherlech esou munches erlieft, dat kuriéis war -net nëmme mat Kritiker, mee och am Privatliewen. An dat ka wéi gesot alles ganz interessant sinn, an et kann engem virun allem och méi verroden, iwwer d’Musek, iwwer d’Zäit an iwwer d’Aart a Weis, wéi d’Zäitgenossen dës Musek erlieft hunn.
Wat ass deng Motivatioun hanner dëser Serie?
Do hunn ech mir virgeholl, ganz breet ze sinn. Et geet queesch duerch d’Joerhonnerten, queesch duerch d’Genren an och queesch duerch d’Länner. Och einfach dofir, well ech et ëmmer genoss hunn, datt de Radio fir mech eigentlech och eppes Neies ze bidden huet. Mir liewe jo an enger Zäit, wou jiddwereen op senger Plattform, op sengem Handy dat lauschtert, wat e scho kennt, an an deenen Chat-Gruppen ass, déi e besonnesch gutt verstinn. An dat gëtt iergendwann och langweileg. An ech fannen et ëmmer spannend, wann ech am Radio op eemol eppes héieren, wat ech nach net kennen, wat mech e bësse virubréngt, wat mäi Liewe vläicht och e klengt Stéck méi räich maache kann. Ech beméie mech dofir och, dat gutt ze recherchéieren an esou spannend ze erzielen, datt et vläicht och hänke bleift, an een d’Musek och e bëssen anescht erliewe léisst.