Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ D'Oppositioun wéilt méi wäit goen

Direktiv iwwer Plattformaarbecht

D'Oppositioun wéilt méi wäit goen

D'Oppositioun bedauert, datt den Aarbechtsminister bei der Reguléierung vun der Plattformaarbecht net méi wëllt maachen, wéi déi entspriechend europäesch Direktiv virgesäit.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Uber | © Uber Photo Illustrations play_arrow
Foto: Uber Photo Illustrations

Konkret geet et dobäi ëm de Schutz vu Millioune Mënschen an der EU, déi fir digital Plattformen am Taxiwiesen, oder och bei Liwwerservicer an nach anere Secteure schaffen; an dat gréisstendeels als Schäiselbststänneger. Fir de sozialen Dumping ze verhënneren, gouf eng EU-Direktiv no laange Verhandlunge vum EU-Rot an dem Europaparlament guttgeheescht.

Den Dënschdeg huet den Aarbechtsminister an enger Chamberkommissioun d’Positioun vun der Regierung dozou presentéiert. Si wëllt op EU-Linn bleiwen.

Den definitiven Text ass nach net do a muss nach eng Kéier vum EU-Conseil ënner d’Lupp geholl ginn. D’Oppositiounsparteien LSAP, déi gréng an déi Lénk hunn den Dënschdeg no enger Chamberkommissiounssëtzung mam Aarbechtsminister bedauert, datt hien net méi wäit wéilt goen, wéi dat wat an der Direktiv steet.

D’Direktiv, wéi se um Ufank ausgeschafft gouf, gouf an deene laange Verhandlungen tëschent den EU-Memberlänner verwässert, an et bleift en Text, deen net esou ambitiéis ausfält, wéi dat wat um Ufank geplangt war. Et géif ee sech un déi Direktiv halen "la directive, rien que la directive“, betount den Aarbechtsminister Georges Mischo.

"Et ass bal ee Kompromësstext, deen dobäi erauskomm ass, mat deem mer jo nëmmen hallef zefridde waren."

Marc Baum: Lëtzebuerg hätt méi wäit kënne goen

Eng Positioun déi de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, net versteet.

"Op där enger Säit bedauert se, datt d'Direktiv net méi ambitiéis ass, an op där anerer Säit seet se dann awer, datt se op kee Fall méi wäit wëllt goen, wéi déi net ambitiéis Direktiv ..."

Et wier duerchaus méiglech, méi wäit ze goe wéi d‘Nopeschlänner an domat d‘Rechter vun de Leit an deem Secteur ze stäerken, esou den Deputéierte vun déi Lénk.

Georges Engel: Lëtzebuerg hätt kënne Virreider sinn

De Marc Baum vun déi Lénk hat dozou eng Gesetzpropositioun deponéiert, och de Georges Engel vun der LSAP hat als Minister en Avant-Projet de Loi ausgeschafft, deen an der Virgängerregierung awer net duerchkomm war, well d‘DP op d‘Direktiv waarde wollt.

"Dat hunn ech e bësse schuet fonnt, well mir hätten hei alt erëm eng Kéier kënne Virreider sinn, fir an engem ganz wichtege Secteur, wou awer puer Millioune Leit an Europa schaffen."

Wann den Aarbechtsminister ofwaart, bis datt d’EU-Direktiv zu de Plattform-Aarbechter definitiv vum EU-Conseil ugeholl gëtt, an d’Akraaftsetzen no zwee Joer plangt, da géif een och ganz wäertvoll Zäit verléieren, esou d’Oppositiounsparteien.

Lauschterenplay_arrow