Radioen

On air

Notturno  |  Heinrich von Herzogenberg - Sonat Nr.1 fir Cello a Piano a La Mineur, Op. 52, II. Adagio - Dimitri Maslennikov (Cello), Sabine Weyer (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Diskussioun ëm Lëtzebuerger CO2-Steier geet virun

Chamber

Diskussioun ëm Lëtzebuerger CO2-Steier geet virun

Wéi geet et mat der Lëtzebuerger CO2-Steier virun? Dat war eng vun de Froe vun den Deputéiert un den Ëmweltminister Serge Wilmes. An der Ëmweltkommissioun an der Chamber wollten d'Deputéiert um Mëttwoch wëssen, ob d'Lëtzebuerger CO2-Steier och no 2025 a Kraaft bleift oder ob Lëtzebuerg schonn 2026 op dee méi ongënschtegen europäesche Modell vun der CO2-Bepräisung ëmklëmmt.

auto_stories

2 min

2030 gëllt europawäit deen europäeschen CO2-Emissiounshandel. De Mouvement Ecologique rechent, datt d'CO2-Bepräisung bis dohin 200 bis 300 Euro pro Tonn kann ausmaachen. Vun 2026 u ka Lëtzebuerg schonn op dee Modell wiesselen oder iwwergangsméisseg bei der Lëtzebuerger CO2-Steier bleiwen, mee de Serge Wilmes sot den Deputéierten, et wier een nach net prett fir eng Decisioun ze huelen.

"Ob mir lo wäerten eng CO2-Steier bäibehalen oder an den neie System iwwergoen, oder wat een och ka maache béides, dat eent parallel zu deem aneren, do lafen nach Analysen, an déi Decisioun musse mir da bis spéitstens 2026 huelen."

Doriwwer wäert awer warscheinlech eréischt nächst Joer befonnt ginn, esou de Minister.

"Mee dat ass nach ze fréi, mir sinn eis dat bewosst. Mir wäerten awer och, an dofir och de Klimasozialplang, eng Politik maachen, déi et jidderengem erlaabt, mat op dee Wee ze goen."

Kritik vun der Oppositioun

Datt déi Iwwerleeungen a Berechnungen esou laang daueren, stéisst bei der Oppositioun op Kritik. D'Joëlle Welfring vun déi gréng wéilt hei gäre Kloertext.

"Do besti Méiglechkeeten ze derogéiere laut der Direktiv, an d'Fro war wéi d‘Regierung sech do wëllt decidéieren, an dat ass lo schonn iwwer een halleft Joer, wou mir gefrot hunn. Mir kréien ëmmer gesot, et géif nach analyséiert ginn. Dat heescht, dat ass nach ëmmer net kloer, a mir hunn och gefrot, wéi den Timing dann elo dovu wier, datt déi Evaluatiounen ofgeschlosse wieren. Och do konnte mir keng Äntwert drop kréien."

Wann d'CO2-Bepräisung bis 2030 200 bis 300 Euro pro Tonn ausmécht, wier dat fir de Konsument kaum méi ze stäipen, seet den LSAP Deputéierte Franz Fayot.

"De Risiko besteet natierlech, well hei nei Secteuren erakommen, wéi insbesonnesch och den Immobiliesecteur oder och den Transportsecteur. Datt natierlech déi Rechter do, déi ETS'en erëm agepräist ginn, an am Endeffekt vun de Leit musse gedroe ginn. An insbesonnesch fir déi Leit, déi méi kleng Revenuen hunn, gëtt dat ee Problem, sou datt dat effektiv eng Fro ass, déi sech akut stellt."

An enger éischter Reaktioun op d'Kommissiounssitzung huet de Mouvement écologique kritiséiert, d'Regierung hätt keng koherent Gesamtstrategie.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Ëmwelt