Musek gesicht!

Chouermusek fir den Trounwiessel

Am Hibléck op den Trounwiessel am Oktober 2025, sicht d'Maîtrise mat engem Concours eng Motett zu "Domine, salvum fac magnum ducem nostrum Guillelmum".

auto_stories

1 min

headphones

5 min

© Unsplash / David Beale play_arrow
(Foto: Unsplash / David Beale)

"Domine, salvum fac magnum ducem nostrum Guillelmum" - "Här, beschütz eise Grand-Duc Guillaume"

Mat dësem Text sicht d'Maîtrise Ste Cécile de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg a.s.b.l. am Hibléck op den Trounwiessel, mat engem Concours no enger neier Motett fir den zukünftege Grand-Duc Guillaume.

De Concours gouf zesumme mam Kulturministère initiéiert.

De Marc Dostert, Dirigent vun der Maîtrise, huet eis am Interview méi iwwert dës Ausschreiwung verzielt.

Lauschterenplay_arrow

Infoen zum Concours

D'Wierk soll am Kader vun de Feierlechkeeten zum Te Deum ze héiere sinn, spriech ënnert anerem um Nationalfeierdag.

D'Umeldunge kënne bis den 01. September 2025 per Post eragereecht ginn.

Alleguerten d'Infoen zu der Ausschreiwung an der Umeldung fannt dir hei.