„Don’t worry, be happy“ – dat ass e Motto, dee ronderem d’Welt bekannt ass. De Mensch dohanert war den indesche Guru Meher Baba, an de Bobby McFerrin huet en zum Welthit gemaach. Den afroamerikanesche Sänger ass ennert anerem och e Meeschter vun der vokaler Improvisatioun, dee mat senger Technik vun de „Circle Songs“ berüümt ginn. D’Maria Gutierrez verréit eis méi iwwert den 73-Joer ale Sänger.