Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Helen Buchholtz - Blauvögelein, Ballade - Gerlinde Sämann (Sopr.), Claude Weber (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Donaueschingen an Déifferdeng

KLASSIK AKTUELL

Donaueschingen an Déifferdeng

United Instruments of Lucilin ass um eelste Festival fir Nei Musek opgetrueden a fiert de Freideg mat Jazz Musek zu Lëtzebuerg weider.

auto_stories

1 min

headphones

10 min

2023 | © ©Eric Engel play_arrow
United Instruments of Lucilin ©Eric Engel

De Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek 'United Instruments of Lucilin' ass fir déi éischt Kéier op den 'Donaueschinger Musiktage' opgetrueden. An dat direkt mat 10 Concerten. Dobäi wor net nëmmen d'Musek wichteg, mee och de Raum, dee speziell fir de Spektakel kreéiert gouf. De Saxophonist Olivier Sliepen deelt seng Andréck am Gespréich mam Christophe Mirkes.

De Freiden (25.10.) trëtt Lucilin dann zu Déifferdeng am 'Unison Studio' op, déi Kéier da mat méi enger jazzeger Influenz duerch de Komponist Pol Belardi. Thematesch geet et em d'Bezéiung vu Mënsch a Maschinn. An den zwee Wierker vum Pol Belardi eng Kéier ëm en Auto an eng Schongfabréck. Hie verréit wéi seng Musek dës Iddien erëmgëtt.

Lauschterenplay_arrow