Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Dr. Claude Besenius: D'Leit bemierken d'Virdeeler vum Dry January

Gesondheetsrisike vum Alkohol

Dr. Claude Besenius: D'Leit bemierken d'Virdeeler vum Dry January

Den Dry January, also den dréchene Januar, ass eng Initiativ, fir keen oder manner Alkohol ze drénken, déi aus Groussbritannie kënnt, a bei där Lëtzebuerg fir d'drëtte Kéier matmécht. Dacks ass et de Start fir e Liewensstil mat manner Alkohol.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

© CHNP play_arrow
D'Claude Besenius ass Chargée de direction vum Centre thérapeutique vun Useldeng. (Foto: CHNP)

Beim Alkoholkonsum ass de Message vun der Weltgesondheetsorganisatioun an och der Lëtzebuerg Santé neierdéngs drop ausgeriicht net just manner, mee guer keen Alkohol méi ze drénken, wéinst de Gesondheetsrisiken.

E flotten Owend, och ouni Alkohol

Dat wier dee richtege Message, sot d'Dr. Claude Besenius am 100,7-Interview. Si ass Chargée de direction vum Centre thérapeutique vun Useldeng. Et kéint een zwar - realistesch gesinn - net erwaarden, datt d'Leit vun haut op muer ganz ophalen Alkohol ze drénken.

"Dofir ass den Dréchene Januar awer eng gutt Iddi, fir ze soen: Ma da probéieren ech et einfach emol, da kucken ech emol méi, wéi ech mech fillen. Wat hunn ech vu Beneficer? Wéi gutt schlofen ech, wann ech näischt drénken? Wéi vill méi Energie hunn ech? Wat kann ech vu Sue spueren?

Dacks géing ee sech duerno soen, datt een och ouni Alkohol ze drénken ee flotten Owend verbrénge kann, esou d'Dr. Claude Besenius.

Null Alkohol an der Gesellschaft?

D'Zil, den Alkohol komplett aus der Gesellschaft ze kréien, schéngt op den éischte Bléck awer onrealistesch ze sinn. Mee d'Dr. Claude Besenius weist sech optimistesch an zitt Parallelle mam Tubak.

"Et ass natierlech elo och keng Welt ouni Tubak, déi besteet. An awer huet dat Bild, wat mir vum Fëmmen hunn, sech geännert an där Zäit."

Et misst ee sech einfach bewosst sinn, datt et ee Risiko duerstellt, wann ee reegelméisseg drénkt. Wann ee virun drénke wéilt, sollt een op jidde Fall d'Quantitéiten am Ae behalen, esou nach d'Claude Besenius. 

Lauschterenplay_arrow