Landwirtschaft

Dréchent a Fudder-Mangel veränneren d'Aarbecht vun de Lëtzebuerger Baueren

Wéinst der aktueller Dréchent an dem Fudder-Mangel hei am Land hätte vereenzelt Betriber scho Béischte schluechte missten. D’Véi hätt op de Wise plazeweis net méi genuch ze friessen. Dat sot de Christian Hahn, President vun der Landwirtschaftskummer, op Nofro hin.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Um Marché géif sech och schonn eng liicht Baisse vum Fleeschpräis ofzeechnen. D’Bauere géife wéinst der Dréchent elo schonn op hir Wanter-Reserve beim Fudder zeréckgräifen. An och d‘Recolte vun dësem Joer wäert éischter dënn ausfalen.  

Mais ass vun der Hëtzt affektéiert

Wéinst der aktueller Dréchent hätt verschidde Bauere schonn ugefaangen hire Mais ze häckselen, esou de Christian Hahn am 100,7 Interview. Dat, well d’Blieder deels schonn ufänke giel ze ginn. 

"Wann d'Blieder bis d'dier ginn, da geschitt dann elo och net méi vill, obschonn de Mais awer als Beispill eng ganz zéi Planz ass."

Normalerweis géif een eréischt ëm den hallwe September an de Mais-Silo fueren, seet de Christian Hahn. Dat heescht réischt a gutt 6 Wochen. Et soll een den Däiwel awer nach net un d’Mauer molen. Jee no Standuert kéint de Mais sech nach erkréien. 

"Wann een awer elo bis an den Hierscht ran nach ëmmer erëm esou Schauere géif kréien, nëmmen ëm déi 30 Liter, an dat een, zwee Mol d'Woch, ech mengen da wier och am Fudder nach vill ze maachen."

Karschnatz däitlech méi fréi wéi soss

Wat de Karschnatz ugeet wier een däitlech méi frei dru wéi soss. Op d’Fro, ob op anere Plazen an Europa genuch Fudder gewuess ass fir d’Perten auszegläichen a Fudder bäizekafen, äntwert de Christian Hahn: 

"Déi Méiglechkeet gëtt et ëmmer. Wann een awer vu Grondfudder schwätzt, wat dann eebe Gras a Mais ass, (also als ganz Planz de Mais) do gëtt et awer schwiereg fir e Land wéi Lëtzebuerg, well mir vun deene Regiounen, wou awer éischter méi Fudder ass, a Frankräich ofgebrannt ass. Oder et och ze waarm war, wou net vill gewuess ass, ass et deelweis awer regional einfach ze wäit wech, fir dat Fudder hin an hier ze féieren."

De Manktem géif ee lues a lues och am Portmonni spieren, esou nach de President vun der Landwirtschaftskammer. De Präis vum Stréi wier schonn ëm 20 Prozent geklommen.

 

Lauschterenplay_arrow