Et leeft eng Enquête. Och de militär Geheim- a Sécherheetsdéngscht wier ageschalt. De belsche Verdeedegungsminister schwätzt vun engem „Alarm“ fir d‘Verdeedegung. Hie géif vun enger Spionage-Operatioun ausgoen, esou Le Soir. Vu wou d‘Drone komm sinn nach net gewosst. D‘Pist vu Russland géif net ausgeschloss, esou nach d‘RTBF.
Belsch
Dronen iwwert Militärbasis a Province de Luxembourg gesinn
De belsche Verdeedegungsminister confirméiert, datt an der Nuecht vu leschte Samschdeg op e Sonndeg Dronen iwwert enger Militärbasis an der Province de Luxembourg gesi goufen. Dat melle belsch Medien. Rieds geet vu bis zu 5 Dronen. D‘Police gouf informéiert.
auto_stories
1 min
Dron (Foto: Bigstock)