Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Arcangelo Corelli - Concerto Grosso Nr.8 a Sol Mineur, Op.6 "Fatto Per La Notte Di Natale", I. Viva - Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Le Coup de Majesté

Musikalesch Zäitrees

Le Coup de Majesté

De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch Zäitrees goen.

auto_stories

1 min

headphones

11 min

© Eva Zaicik © Victor Toussaint / Vincent Dumestre © Jean-Baptiste Millot play_arrow
(Foto: Eva Zaicik © Victor Toussaint / Vincent Dumestre © Jean-Baptiste Millot)

De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch Zäitrees goen. An zwar an d'Paräis vum 17. Joerhonnert, fir méi genee ze sinn an de Palais du Louvre. Ënner dem Titel "Le Coup de Majesté” presentéiert den Ensembel Le Poème Harmonique ënner der Leedung vum Theorbist Vincent Dumestre a mat der Mezzosopranistin Eva Zaïcik eng Villfalt u Kläng aus dëser Epoch. De Programm ëmfaasst Balleten a Kammermusek bis zu Drénklidder, Vollekslidder an Extraiten aus italieeneschen Operen. D’Marie Trussart huet sech mam Vincent Dumestre, deen den Ensembel Le Poème Harmonique och matgegrënnt huet, iwwer seng Passioun fir d'Kultur vum 17. Jorhonnert ënnerhalen an doriwwer, wat fir eng Zäitrees de Public den Owend erwaart.

Lauschterenplay_arrow