D'Gewënner:inne vun den International Classical Music Awards 2024 (ICMA) hu leschte Freideg (12.4.2024) zu Valencia a Spuenien hire Präis entgéintgeholl. No der Iwwerreechung stoung am Palau De La Música de grousse Gala-Concert op der Affiche. Zesumme mam Orquesta de Valencia ënner der Direktioun vu sengem Chefdirigent Alexander Liebreich sinn eelef vun de Laureaten opgetrueden an hunn de Publikum begeeschtert.
Am Gespréich mam Marie Trussart gëtt de Luc Boentges - Vertrieder vum radio 100,7 am Jury vun den ICMA - en Abléck an d'Editioun 2024.
Méi Informatiounen iwwer d'Präisiwwerreechung an de Gala-Concert fënnt een iwwer de Site vun den ICMA. De Video vum Gala-Concert 2024 gëtt den 3. Mee 2024 publizéiert.
Gala 2023 - Wrocław