Iwwer 30 Joer Karriär

“E Krees dee sech schléisst”

No iwwer 30 Joer Karriär spillt de Jean-Paul Hansen elo säi leschten Enseignantsconcert am Escher Conservatoire.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Jean-Paul Hansen | © radio 100,7 play_arrow
Jean-Paul Hansen (Foto: radio 100,7)

De Jean-Paul Hansen huet iwwer 30 Joer laang am Escher Conservatoire enseignéiert, de Groussdeel dovunner fir d’Instrument vum Hautbois. Am Juli 2025 geet hien an d’Pensioun, an dëse Samschde spillt hie schonn säin allerleschten Enseignantsconcert am Conservatoire. Um Programm steet ënnert anerem Musek, déi hie schonn als Student um Mozarteum zu Salzburg opgefouert huet.

D’Marie Schockmel huet de Jean-Paul Hansen ënnert anerem gefrot, wéi hien sech fillt no esou enger laanger Zäitn säi leschten Enseignantsconcert ze spillen, an ob et heiansdo och e bëssen erausfuerderend wier, zesumme mat aneren Enseignanten opzetrieden.

Lauschterenplay_arrow