No der gepackter Pre-Selektioun ass de Lëtzebuerger Flüttist Mika Gieres an déi zweet Ronn komm vun der Moyse International Flute Competition. Dëse Concours ass zu Sofia, an der Haaptstad vu Bulgarien, a vum 28. Juni u fannen do d’Live-Performancë statt.
Et ass dem jonke Flüttist, dee Student um Salzburger Mozarteum ass, säin éischte groussen internationale Concours. De Christophe Mirkes huet dofir beim Mika Gieres nogefrot, firwat hie sech grad fir d’Moyse International Flute Competition decidéiert huet.