Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Sinfonie Nr.6 a Si Mineur, Op. 74 "Pathétique", III. Allegro Molto Vivace - Berliner Philharmoniker, Kirill Petrenko (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ The Dora Journey

Zweeten Episod // elo online

The Dora Journey

E Podcast iwwer dat inspiréierend an tragescht Liewe vun der Komponistin Dora Pejačević vum opus 100,7 zesumme mam Trio Dora.

auto_stories

5 min

Am Mëttelpunkt vun dësem Podcast steet d'Geschicht vun enger Komponistin aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert, déi der Gesellschaft d’Stier bitt an där hiert Liewe mat enger grousser Tragik verbonnen ass. A siwen Episoden erzielen d’Carole Mallinger Leyers an d’Annalena Castagna vum “Trio Dora” der Dora Pejačević hiert Liewen. Dobäi geet et ëm d’Vue vun der Gesellschaft op eng Komponistin an ëm hir Revolt géint déi deemoleg Strukturen. Et geet awer och ëm Léift, déi emotional Amenter an hirem kuerze Liewen an hir Musek. Dëse Podcast gëtt am Wochentakt publizéiert.

Episod 2 - Sidonie

D’Annalena stellt sech d’Fro, wisou hatt an d’Carole bei hire Recherchen op verschiddene Plazen net virukommen: “Firwat fanne mir näischt eraus iwwer hatt? Wien hält do den Daum drop? Wien huet Interêt dorun, datt näischt iwwer hatt gewosst gëtt? An du koum mir e Gedanken: Hatt hat bestëmmt eng Bezéiung zu enger Fra!”

Bonus-Episod - Siddy, Diddy an Dora 

D’Frëndschaft tëschent dem Dora, dem Sidonie an dem Karl hannerléisst och emol méi witzeg Spueren. Eng dovun ass e Gedicht wat entstanen ass, wärend d’”Siddy” an de Karl eng Kéier op d’”Diddy” an d’Dora hu misse waarden.

Episod 1 - Johannes

Am éischten Episod geet et an d’Jugend vum Dora, bei seng éischt grouss Léift. Et ass eng, déi vun hirer Mamm net acceptéiert gouf, déi no enger Zäit bal nees opgeblitt wier, an déi schlussendlech tragesch op en Enn gaangen ass. Eng Tragik, déi sech wéi e roude Fuedem duerch der Komponistin hiert Liewen zitt.

Hannergrond-Interview

Annalena Castagna, Carole Mallinger-Leyers
Annalena Castagna, Carole Mallinger-Leyers

De Lex Kauffmann schwätzt mat der Annalena Castagna an der Carole Mallinger-Leyers iwwer d'Hannergrënn zum Podcast "The Dora Journey".

Lauschterenplay_arrow

Episod 3 - Eng Insel vu Rou

D’Dora gëtt an eng räich Adelsfamill gebuer. Am Schlass, an deem hatt grouss gëtt, gi reegelméisseg Concerten organiséiert, bei deenen och déi éischt Kompositioune vum Dora opgeféiert ginn. Et ass eng glécklech Kandheet, déi an engem grousse Kontrast zu sengem spéidere Liewe steet. An dësem Episod gëtt d’Annalena och en Abléck an d’”Berceuse”, eng Kompositioun, déi am Alter vun 12 Joer entstanen ass.

Dësen Episod kënnt den 23. Oktober eraus.

Episod 4 - Géint säi Stand

D’Dora versteet net, wéi aner Adeleger an hire Schlässer kënne bleiwen, wärend gläichzäiteg Dausende vu Mënschen am Éischte Weltkrich stierwen. Hatt entwéckelt eng staark Ofneigung géintiwwer senger eegener gesellschaftlecher Klass a geet als Infirmière an e Lazarett schaffen.

Dësen Episod kënnt den 30. Oktober eraus.

Episod 5 - Rosa

An dësem Episod geet et ëm dem Dora seng Bezéiung zum Rosa Lumbe-Mladota, der Schwëster vu sengem spéidere Mann. Wousst dem Rosa säi Brudder iwwer dës Bezéiung Bescheed? Et ginn e puer Hiweiser, déi d’Annalena an d’Carole dozou bruecht hunn ze denken, datt vläicht e puer Leit eppes iwwer dem Dora seng homosexuell Bezéiung gewosst hunn.

Dësen Episod kënnt de 6. November eraus.

Episod 6 - Otto

D’Dora bestuet sech mam Ottomar Lumbe a gëtt schwanger. Huet hatt sech domat schlussendlech de gesellschaftleche Konventioune gebeugt? Kuerz no der Gebuert vu sengem Jong stierft d'Dora. Domat ass et mat der Tragik - déi sech wéi e roude Fuedem duerch säi Liewen zitt - awer nach net eriwwer.

Dësen Episod kënnt den 13. November eraus.

Episod 7 - Seng Musek

Wärend d’Dora nach gelieft huet, huet säi Papp seng Musek net appreciéiert. Eréischt nom Dora sengem Doud gouf him warscheinlech bewosst, wéi talentéiert seng Duechter war. Domat war hien net deen eenzegen. Dem Dora seng Musek gëllt et bis haut ze entdecken.

Dësen Episod kënnt den 20. November eraus.

Concert - Sie Ging Ja Nur Vorbei

Den 23. November 2024 proposéiert den Trio Dora am Mierscher Theater e Concert, an deem en d'Komponistin Dora Pejačević an den Zentrum stellt. Wärend d'Schauspillerin Fabienne Elaine Hollwege Texter vun der Komponistin liest, spillt den Trio Wierker vun der kroatescher Musekerin. Dëse Concert gëtt vum opus 100,7 opgeholl an den 9. Dezember 2024 um aacht Auer diffuséiert. Duerno bleift de Concert nach wärend 30 Deeg an der Mediathéik vum opus 100,7 disponibel.