Radioen

On air

Notturno  |  Maurice Ravel - Sträichquartett a Fa Majeur - Amaryllis Quartett

play_arrow Live
arrow_back_ios

digital-library

digital-library

/ E monumentale Requiem

Concert

E monumentale Requiem

Dem Giuseppe Verdi seng “Messa da Requiem” mam “Choeur de Chambre de Luxembourg”

auto_stories

4 min

headphones

120 min

play_arrow
Quell: Choeur de Chambre Luxembourg

Den 23. Oktober 2023 stoung dem bekannten italieenesche Komponist säi grousse Requiem am Mëttelpunkt vun der Programmatioun an der Philharmonie zu Lëtzebuerg.

Eng Doudesmass, déi mat enger Längt vun 1 1/2 Stonn ervirstecht, bei där awer och musikalescht Material zu engem groussen Deel aus engem aanere Requiem geholl ginn ass. Wat et domat op sech huet, verréit iech de Jeremy Ney, deen duerch dëse Programm féiert.

Interpretéiert gëtt dëst Wierk vum “Choeur de Chambre de Luxembourg” mat de Solisten Elizabeth Wiles am Sopran, Lilia Istratii am Mezzo-Sopran, Mihail Mihaylov am Tenor a Charles Dekeyser am Bass. Begleet gi si hei vun dem “European Academic Orchestra” an der “Musique Militaire Grand-Ducale”, dat Ganzt ënnert der Leedung vum Antonio Grosu.

Dëse Concert kënnt dir bis den 1. Januar 2024 zu all Moment an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.

Lauschterenplay_arrow

Programm

  • Giuseppe Verdi (1813-1901): Messa da Requiem

Interpreten

  • Elizabeth Wiles (Sopran)
  • Lilia Istratii (Mezzo-Sopran)
  • Mihail Mihaylov (Tenor)
  • Charles Dekeyser (Bass)
  • Choeur de Chambre de Luxembourg
  • European Academic Orchestra
  • Musique Militaire Grand-Ducale
  • Antonio Grosu (Dirigent)