E Spill...
... ass den Ausgangspunkt vum katalanesche Saxophonsquartett Kebyart sengem Album "Traum der Jugend". Et ass eent, dat d'Fanny Mendelssohn a säi Brudder Felix solle gespillt hunn. Si hätte sech een deem aneren hir neist Kompositiounen um Piano virgespillt, an dee jeeweils aneren huet misse roden, wéi eng Geschicht sech hanner dëse Stécker verstoppt. Iwwer dës Geschicht presentéiert den Ensembel säin Album.
Instrumental Lidder
Musikalesch realiséiert sech dëst Spill mat zwee vum Felix Mendelssohn senge Lieder ohne Worte an zwee aus der Fanny Mendelssohn hire Vier Lieder für Klavier. Et si reng instrumental Stécker ouni Text. D'Fantasie vun den Nolauschter:innen ka sech deemno fräi entfalen. Mä och virdru well, gëtt d'Imaginatioun aktivéiert. Wärend déi grad genannte Beispiller ganz um Enn vum Album ze héiere sinn, gëtt den Disk mat enger neier Kompositioun vum Jörg Widmann lancéiert.
Siwe Capricci
Mat dësem Wierk geet fir den Ensembel en Dram an Erfëllung. Scho laang hu sech déi véier Museker e Stéck vum Jörg Widmann gewënscht. Obwuel hien en zäitgenëssesche Komponist wier, hätt hien eng Verbindung zu der Traditioun. Dëst géif gutt bei de Profil vum Ensembel passen, seet dozou de Saxophonist Robert Seara. Dram, Dreem, Dramwelten... Alles dat sinn dann och Begrëffer mat deenen een dem Widmann seng Kompositioun beschreiwe kann. Et si kuerz Stécker déi all Kéiers en immens flüchtegen Abléck an eng nei Welt ginn. Beim Lauschtere kommen engem dobäi ganz verschidde Biller an de Kapp: Gequäälter, ausserierdesch sphärescher oder oder ganz verspilltener.

Iwwer de Choral zeréck an de Barock
Dreem an d'Fantasie sinn net deen eenzege roude Fuedem op dësem Album. Mat den zwee ganz ënnerschiddleche Choräl a senge Capricci preparéiert de Jörg Widmann de Wee fir iwwer de Felix Mendelssohn bis bei de Johann Sebastian Bach ze kommen. An der Mëtt vum Album sinn eng Rei Choräl an och hir kompositoresch Géigesätz - Fugen - ze héieren. Mat der virdrun aktivéierter Fantasie huet een hei d'Geleeënheet, dës Wierker mat neien Oueren ze lauschteren.