EU-Sanktioune géint Russland

EU-Ambassadeuren nach net eens iwwer russesch Oligarchen

Bei der EU wieren d‘Ambassadeure sech gëschter Owend nach net eens ginn, fir d‘Sanktioune géint déi zwee russesch Oligarchen Alischer Usmanow a Michail Fridman opzehiewen. Dat mellt ënner anerem d‘Agence France Presse.

auto_stories

1 min

Michail Fridman | © Letter One Foundation
Michail Fridman (Foto: Letter One Foundation)

Déi néideg Eestëmmegkeet wier net zustan komm. D‘EU-Ambassadeure sollen de Moie fréi fir weider Berodungen zesummekommen.

Si musse sech tommelen, well mat der Ophiewung vun de Sanktioune géint déi zwee Oligarche gëtt och d‘Verlängerung vun de Sanktioune géint ronn 3.000 aner Persounen an Entreprisen decidéiert.

Den Delai ass an der Nuecht vun een Dënschdeg op e Mëttwoch.

Lëtzebuerg fuerdert Ophiewe vu Sanktioune géint Michail Fridman

Nodeem Frankräich an d‘Slowakei gefuerdert hunn, datt den Alischer Usmanow vun der Sanktiounslëscht erof geholl gëtt, huet Lëtzebuerg gefuerdert, datt och d‘Sanktioune géint de Michail Fridman missten opgehuewe ginn.

De Fridman huet Lëtzebuerg verklot a ronn 15 Milliarden Euro Schuedenersatz gefuerdert. Dat nodeems Lëtzebuerg säi Verméigen am Kader vun den EU-Sanktiounen agefruer huet.