Et kéim elo drop un, wéi konsequent Montenegro seng Reforme weider ëmsetzt, heescht et an der neier Analys vun der EU-Kommissioun. Och Albanien an d'Republik Moldau kéinten, der Kommissioun no, an den nächste Joren an d‘EU kommen.
Korruptioun als Sujet bei EU-Bäitrëtt vun der Ukrain
D’Ukrain géif d’Verhandlunge gäre bis Enn 2028 ofschléissen. D’Kommissioun géif dat ambitionéiert Zil ënnerstëtzen, heescht et am Rapport. D’Reforme missten allerdéngs nach méi séier ëmgesat ginn, notamment am Beräich vum Rechtsstaat an dem Kampf géint d’Korruptioun.
Déi lescht EU-Erweiderung war virun 13 Joer, wéi Kroatien, no bal 10 Joer Verhandlungen, Deel vun der EU ginn ass. 2007 ware Rumänien a Bulgarie bäigetrueden.
An de leschte Jore koum nees eng nei Dynamik an den Erweiderungsprozess. D’Erweiderung wier haut wichteg, well d’EU fir déi éischte Kéier an hirer Geschicht Géigner hätt, sot haut am Europaparlament déi zoustänneg EU-Kommissärin Marta Kos, wéi si dee Rapport presentéiert huet.