EU-Dateschutzreegelen: Irland verhänkt 403 Milliounen Euro Strof géint Google
Den US-Tech-Konzern Google muss 403 Milliounen Euro Strof bezuelen, well e beim Gebrauch vu Geolokalisatiouns-Donnéeë vu sengen Notzer géint d‘Dateschutzreegele verstouss huet. Dat huet déi iresch Dateschutz-Kommissioun ugekënnegt, déi Google op EU-Niveau iwwerwaacht.
Google (Foto: picture alliance/dpa | Matthias Balk)
Well d‘Google-Notzer:innen net wossten, datt hir Lokalisatioun benotzt gouf, hätte si zum Beispill duerch geziilte Reklamme kënne beaflosst ginn, esou d‘Argument. Et ass déi véiert-déckste Strof, déi den iresche Regulateur jee verhaangen huet.
Den europäeschen Haaptsëtz vu Googel ass zu Dublin.