Fluchverkéier

EU-Reform zu Fluchpassagéierrechter kéint zu méi héije Käschte féieren, fäert Luxair

Bei der geplangter Reform vun de Rechter vun de Fluchpassagéier an der EU gëtt et trotz laange Verhandlungen nach kee Kompromëss tëschent den EU-Staaten an den Europäesche Parlament. Déi lescht Nuecht war weider verhandelt ginn. Ee grousse Sträitpunkt bleiwen d’Entschiedegunge bei Verspéidungen.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Harald Tittel
(Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

Pro Joer bezilt d’Luxair e puer Milliounen Euro fir Entschiedegunge bei Annulatiounen oder bei Retarden, esou hire Generaldirekter Gilles Feith. Der Luxair no misst eng Balance fonnt ginn tëschent staarke Passagéierrechter an dem Erhale vun enger regionaler Connectivitéit.

"Als responsabel Airline si mir der Meenung, datt ee soll eis eng Chance ginn. Dräi bis fënnef Stonnen do bezilt en zum Beispill, op deem ënneschte Palier wieren et 200 Euro, mee dann, wann et doriwwer geet, da ginn et dann 300 Euro oder esouguer 350 Euro, do wiere mir mat d'Accord, mee dann hu mer nämlech eng reell Chance ze kucken, datt de Client op d'Destinatioun kënnt." 

Verschidden Destinatioune missten ausgedënnt ginn

Am Kontext vun den aktuelle Verhandlungen iwwer d’Reform vun de Passagéierrechter an der Europäescher Unioun warnt d’Luxair – zesumme mat aneren europäesche Regionalairlinen - viru méi héije Käschte fir d’Fluggesellschaften.

"Do heescht et, datt verschidden dënn Linnen, (...) déi mir nach fléien, well mer och mussen ee Reseau hunn, ech denken elo un italieenesch Destinatiounen oder u Paräis, datt mer déi Destinatiounen da mussen ausdënnen, fir kënne manner Connectivitéit unzebidden, fir och kënnen d'Käschten, an deem Sënn, wann d'Route schonn nëmme ganz liicht profitabel ass, da musse mer se och astellen." 

Regional Connectivitéit soll erhale bleiwen

De Luxair-Generaldirekter ass der Meenung, datt déi aktuell Diskussioun iwwer eng Reform vum System d’Positioun vun deene klenge Fluchgesellschaften extrem verschlechtert, am Verglach zu de groussen Airlinen. 

"Well d’Airlinen an d'Luxair, mir wëllen eis do net drécken, mir si jo responsabel an deene Saachen. Et geet net drëm, fir datt mir wëlle méi manner Kompensatioun bezuelen. Nee, mir wëlle kënnen déi regional Connectivitéit erhalen. An ech sinn der Meenung, de System muss nogekuckt ginn, de System muss verbessert ginn."

Wann et bei de Verhandlungen zu Bréissel bis Mëtt Juni keen Accord gëtt, da gëtt näischt aus der Reform wéi d’EU-Kommissioun se 2013 virgeschloen hat. An deem Fall géifen d’Rechter vun de Fluchpassagéier esou bleiwe wéi se sinn.

Et soll awer weider tëschent den EU-Staaten an dem Europäesche Parlament verhandelt ginn. Een Zäitplang dofir gëtt et nach net.