Fir de Summer ginn an der EU elo ronn 800 Pompjeeën aus 14 Länner a Regioune stationéiert, wou d'Bëschfeiergefor besonnesch grouss ass - an Zypern, Griichenland, Italien, Frankräich, Spuenien a Portugal. Weider géifen 22 Läschfligeren a 5 Helikopteren aus der EU-Flott bereetgestallt ginn, esou d‘Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen.
Klimawandel
EU bereet sech an esou engem grousse Kader op Bëschbränn vir wéi nach ni
D'Europäesch Unioun plangt fir dëse Summer hire bis elo gréissten Asaz géint Bëschbränn. D'Gefor vu Bëschbränn klëmmt, wéinst der Klimaerwiermung, déi vu Mënsche verursaacht gëtt.
auto_stories
1 min
De Bëschbrand net wäit eweg vun Narbonne. (Foto: Sécurité Civile)