Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Henryk Górecki - Sinfonie Nr. 3, Op. 36 "Symphony of Sorrowful Songs", II. - Dawn Upshaw (Sopr.), London Sinfonietta, David Zinman, (Dir.)

play_arrow Live
search

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

Klassik Aktuell

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

De jonke Braatschist Timothy Ridout spillt elo fir d'drëtt Kéier zu Lëtzebuerg an d'Philharmonie

auto_stories

1 min

headphones

8 min

play_arrow
Timothy Ridout © Jiyang Chen

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.

Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: dem Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.

Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Lauschterenplay_arrow