Um Piano am Stater Conservatoire huet dem Anselme Pau säi musikalesche Parcours ugefaangen. Zu San Francisco huet hien da Film studéiert, an dono ass hie quasi aus Zoufall an de Beräich vun der Filmkompositioun gelant. Datt Musek eppes bei anere Leit bewierkt, huet de Lëtzebuerger Komponist schonn am Alter vun 9 Joer gemierkt. Elo huet hien en neien Album erausbruecht, mat 26 Kompositiounen aus verschiddene Filmer. Den Titel vum Album, “Hidden Scores”, passt zu 100 % och op hien, well hien ëmmer hannert der Musek an éischter verstoppt ass.
An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Anselme Pau ënnert anerem méi iwwert seng Musek fir Documentaire, Filmer a Reklamme verréit.