Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Johannes Brahms - 4 Balladen, Op. 10, Nr.4 a Si Majeur, Andante con moto - Zala Kravos (Piano)

play_arrow Live
search

/ "Ech sollt do eigentlech net eleng stoen"

Klassik Aktuell

"Ech sollt do eigentlech net eleng stoen"

E Gespréich mat der Tanja Tetzlaff iwwer den ICMA-Award fir hiren Album mat hirem Brudder Christian an dem verstuerwene Pianist Lars Vogt.

auto_stories

3 min

Tanja Tetzlaff bei der ICMA-Gala 2024 | © Live Music Valencia/Palau de la Musica
Tanja Tetzlaff bei der ICMA-Gala 2024 (Foto:Live Music Valencia/Palau de la Musica)

Déi éischt Hallschent vum Album “Schubert” hunn d'Tania an de Christian Tetzlaff zesumme mam Pianist Lars Vogt opgeholl. Dat war kuerz nodeems hie gewuer gouf, datt mat sengem Kierper eppes net stëmmt. Wärend si déi zweet Hallschent opgeholl hunn, war de Pianist matten a sengem medezineschen Traitement. 2022 ass de Lars Vogt u senger Krankheet gestuerwen an 2023 goufen d'Opnamen, déi hie mat senge gudde Frënn opgeholl huet, publizéiert. Dësen Album gouf leschte Freideg (12.04) bei der Präisiwwerreechung vun den International Classical Music Awards an der Kategorie Chamber Music geéiert.

De Luc Boentges huet sech no der Generalprouf fir de Gala-Concert mat der Cellistin Tanja Tetzlaff getraff, fir mat hir iwwer hiren Optrëtt an den Album ze schwätzen.

 

Lauschterenplay_arrow

 

"Schubert" Klassik Album vun der Woch um 100,7

Een Album opzehuelen an duerno matzekréien, wéi e bei den Nolauschterinnen an den Nolauschterer ukënnt, dat ass eppes, wat déi meescht Museker:innen erliewen. Bei sengem leschte CD war dat fir de Lars Vogt net de Fall, hien huet d'Sortie net méi materlieft. Zesumme mat der Tanja an dem Christian Tetzlaff huet den däitsche Pianist Kammermusekswierker vum Franz Schubert opgeholl. Een Album, bei deem ee vill iwwer d'Liewen an den Doud léiert, an doriwwer, wéi wäertvoll all Moment ass. D'Marie Schockmel huet am Mäerz 2023 an dës Publikatioun era gelauschtert.

 

Lauschterenplay_arrow