D'Julie Scheuren huet sech viru 5 Joer dofir decidéiert, professionell Perkussioun ze spillen. Zanter 5 Joer ass si Studentin um renomméierte Royal College of Music zu London.
Rezent eréischt huet si bei engem Concert op de BBC Proms an der Royal Albert Hall zu London matgespillt. Eng grouss Erfarung fir d'Lëtzebuerger Musekerin, iwwer déi si am Interview mam Lex Kauffmann geschwat huet.
D'Perkussionistin beschreift d'Momenter virum, wärend an och nom Concert a wéi eng zukünfteg Dreem nach op stinn. Ugefaang mat der Fro, wéi d'Musekerin sech fir de Royal College of Music gemellt huet.
An och de komplette Concert mat den Infoen a Commentairen kënnt dir nach bis den 1. November 2024 an eiser Mediathéik nolauschteren.