Beethoven, Bartók a Grieg

E Concert voller Pianosmagie

Déi dräi éischt Gewënner vum Géza Anda Concours 2024 zu Zürech spille Pianosconcertoë vum Beethoven, Bartók a Grieg, mam Tonhalle Orchester Zürich ënnert dem Paavo Järvi.

auto_stories

1 min

headphones

122 min

Ilya Shmukler | © Emil Matveev play_arrow
Ilya Shmukler (Foto: Emil Matveev)

De Géza Anda Concours fir jonk Pianisten ass all 3 Joer zu Zürech. Bei der leschter Editioun 2024 huet den Ilya Shmukler den éischte Präis gewonnen an den Daumants Liepinš an den Dmitry Yudin hunn sech den zweete Präis gedeelt.

Um Programm vum Ofschlossconcert vum Schwäizer Pianosconcours, eisem Concert Euroradio presentéiert vum Remy Franck, stinn dräi bekannte Pinaosconcertoën: de véierte vum Ludwig Beethoven, den zweete vum Béla Bartok an deen heroesch-lyresch-virtuose Concerto vum Edward Grieg. Déi dräi Gewënner vum Concours gi begleet vum Tonhalle Orchester Zürch ënnert der Leedung vum Paavo Järvi.

Programm: 

Ludwig van Beethoven: Pianosconcerto Nr. 4, op. 58

Daumants Liepinš, Piano

Béla Bartók: Pianosconcerto Nr. 2, Sz. 95

Dmitry Yudin, Piano

Edvard Grieg: Pianosconcerto, op. 16

Toshio Hosokawa: Etude Nr. 1 (2 Lines)

Ilya Shmukler, Piano

Tonhalle Orchester Zürich

Paavo Järvi, Direktioun

Lauschterenplay_arrow