Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Robert Schumann - Fantasiestécker fir Piano a Klarinett, Op. 73, I. Zart und mit Ausdruck - Tabea Zimmermann (Braatsch), Jörg Widmann (Klarinett), Dénes Várjon (Piano)

play_arrow Live
opus

/ "Alle Menschen werden Brüder"

Klassik Aktuell

"Alle Menschen werden Brüder"

Ee Concert mat engem Blechbléiser-Quintett vun de Solistes Européens, Luxembourg ënnert dem Motto "Alle Menschen werden Brüder"

auto_stories

2 min

headphones

6 min

play_arrow
Aaron Aussenhofer-Stilz (Foto-Quell: SEL)

Haut den Owend spillt ee Quintett vun de Solistes Européens, Luxembourg ee Concert an der Philharmonie. Een Owend ënnert dem Motto "Alle Menschen werden Brüder".

Um Programm stinn awer net nëmme Wierker vum Ludwig van Beethoven, ma och vun anere Komponisten aus verschiddenen Epochen.

Ee Museker vum Quintett, den Aaron Aussenhofer-Stilz, huet am Gespréich mam Lex Kauffmann verrode wéi et zum Programm komm ass. Hien verréit och firwat et wichteg ass, dem Public ee villsäitege Programm ze bidden.

De kompletten Interview kënnt dir hei lauschteren. Ugefaange mat der Fro, wéi et zum Numm vum Concert koum.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Richard Wagner (1813-1883): "Freudig begrüßen wir", Tannhäuser

Ludwig van Beethoven (1770-1827): "Freude schöner Götterfunken", Symphonie N.9

Johann Sebastian Bach (1685-1750): "Wie will ich mich freuen"

André Lafosse (1890-1975): Suite impromptu

Sergueï Prokofiev (1891-1953): Danse des chevaliers

Leonard Bernstein (1918-1990): Dance Suite

Jan Koetsier (1911-2006): Brass-Quintet op.65

Interpreten:

Jan Vobořul, Cor

Martin Pavlus, Trompett

Marek Vajo, Trompett

Aaron Aussenhofer-Stilz, Trombone

Joel Zimmermann, Tuba