Wann een an der Gazasträif een urifft, héiert ee bal ëmmer ee Geräisch am Hannergrond: D’Souere vun den Dronen.
"Et ass wéi Musek, déi an enger Endlosschleef leeft a leeft a leeft", seet de Musallam Abukhalil. De Palästinenser ass Dokter am Nasser-Spidol an der Gazasträif. Grad kënnt hie vun enger 24-Stonne Schicht heem. Ob ee sech un d’Geräisch vun den Dronen iergendwann gewinnt?
"Nee, well ee sech ëmmer freet, wat d’Geräisch fir ee selwer bedeit, ob een déi nächst Attack iwwerlieft."
Offiziell gëllt zënter engem Joer eng Wafferou tëschent Israel an der Hamas. Trotzdeem huet déi israeelesch Arméi an deem Joer iwwer 1.500 Palästinenser ëmbruecht, dorënner 300 Kanner. Dat soen zumindest d’Zuele vum Gesondheetsministère a Gaza. De Musallam kann och net confirméieren, datt de Krich um Terrain eriwwer wier.
"Theoreetesch ass de Krich eriwwer, praktesch geet en awer weider."
Kee Plang B
Uganks vum Joer huet den US-President Donald Trump säi Board of Peace virgestallt. Dee Conseil sollt ënner anerem Gaza nom Krich nees opbauen.
A senger KI-generéierter Visioun sollt "New Gaza" iwwert 180 Héichhaiser an Hoteller hunn, en neie Flughafen a "fantastesch Investitiounsméiglechkeeten" fir de Privatsecteur liwweren. Dem Donald Trump säin Eedem, den Jared Kushner, huet d'Ambitiounen am Januar zu Davos esou beschriwwen:
"Loosst eis mat katastrophalem Succès rechnen. D'Leit froen eis wat de Plang B ass, mee et gëtt keen."
Néng Méint méi spéit ass dee Succès nach wäit fort. Net mol den Debris ass geraumt ginn.
USA hunn den Ament aner Problemer
Et ginn dräi Haaptgrënn, firwat d’Reconstructioun net weider kënnt: Éischtens blockéiert Israel d’Entrée vu villen Hëllefsmëttel a Maschinnen. D’Land besteet dorop, datt d’Hamas virdru komplett entwaffent misst ginn.
Zweetens stëmmt d’Hamas där Entwaffnung zwar zou, mee eréischt wann déi international Friddenstruppe vum Board of Peace an d’Gazasträif eragelooss ginn.
An drëttens leeën d’USA zënter dem Krich mam Iran manner Wäert op d’Gazasträif - heescht, si übe manner Drock op d’Krichsparteien aus.
Just Virwänn?
Zwee europäesch Diplomaten, déi op deem Dossier schaffen, erzielen, datt Israel d’Entwaffnung vun der Hamas als Virwand benotze géing, fir d'Kontroll iwwer d’Gazasträif bäizebehalen.
Israel hält iwwer 60 Prozent vu Gaza besat, déi allermeescht Palästinenser wunnen an deem aneren Drëttel. Dovunner, der UNO no, iwwer eng Millioun an Zelter.
D'Ofwaasser: E Gesondheetsrisiko
Elo kënnt de véierte Wanter, an deem d’Palästinenser an Zelter schlofen, ëmmer méi no. Do di sech natierlech Problemer op, wéi de Musallam seet.
"Et gëtt eng Iwwerschwemmungsgefor. Et ginn einfach keng Drainage-Systemer an deene Campen, déi effektiv genuch sinn."
Am Noen Oste stiermt et am Wanter. Vu datt Israel den Ofwaasser-System am Krich zerstéiert huet, gëtt all Iwwerschwemmung och zu engem Gesondheetsrisiko, erkläert de Musallam.
"D’Ofwaasser vun den improviséierten Toilettë gëtt an d’Flüchtlingslagere gespullt, wat Raten a Kakerlaken unzitt. D’Leit kréien Infektiounen dovunner."
A sengem Spidol gesäit hie Kanner vun zwee, dräi Joer mat Schwieren am Gesiicht, well si vun enger Rat gebass goufen.
Den Ofwaasser-Problem an der Gazasträif ass bekannt. Enn September huet d’EU hiren Early Recovery Plang virgestallt, bei deem 37 Milliounen Euro ënner anerem an d’Kläranlage fléisse sollen. Israel huet deem Projet zougestëmmt an Unicef ass schonn dobäi, dee Plang ëmzesetzen.
Mee d’Reconstructioun vun der Gazasträif, déi hätt nach net ugefaangen.
Kënnen zwou Walen eppes un de Faiten änneren?
Déi zwee virdrun ugeschwaten Diplomate soen, datt si op zwou wichteg Wale waarden: D’Parlamentswalen an Israel den 28. Oktober an d’Midterm-Walen an den USA den 3. November. An där enger Woch kéint sech d’Politik am Noen Oste veränneren. Virdrun net.
Eng ongewëss Zukunft
Fir d’Leit an der Gazasträif bedeit dat, datt si mat där Ongewëssheet liewe mussen. De Musallam Abukhalil ass virun engem Mount fir d’éischte Kéier Papp ginn.
Och wann d’Freed grouss ass, freet de Musallam sech, a wéi enger Zukunft säi Bouf Mohammed opwuesse wäert.
D’Leit a Gaza wieren an där Ongewëssheet gefaangen.
"Mir all hunn nach Responsabilitéiten: Mir ginn op d’Aarbecht, mir mussen eis ëm d’Famillje këmmeren, a mir wëllen hei a Gaza Saachen opbauen. An dat gëtt wierklech immens schwéier, wann s du net weess, op wat s du dech verloosse kanns."
Dat wier déi elle Realitéit, mat där jiddereen hei all Dag zu Gaza liewe géif, esou nach de Musallam.