Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sinfonie Nr.29 a La Majeur, KV 201, I. Allegro Moderato - Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Ee Programm vun den Extremer

Rainy Days 2024

Ee Programm vun den Extremer

Bei de Rainy Days dréit sech 2024 alles ëm d'Extremer.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

play_arrow
©Philharmonie Luxembourg

20 Duddelsäck, 17 Gittaren, 6 Pianoen oder 47 Komponist:innen fir ee Wierk. Wat extrem kléngt, passt genau an d'Konzept vun de Rainy Days 2024.

Vum 20.11. bis de 24.11. presentéiert d'Directrice artistique Catherine Kontz vum Festival ee Programm, deen zäitgenëssesch an experimentell Musek an de Vierdergrond stellt. Dobäi awer net just d'Experten uschwätze wëll, wéi d'Komponistin am Gespréich verréit.

Mee sinn Extremer grad eng gutt Iddi, fir den Zougang zu dëser Musek ze fannen? A wéi war d'Resonanz aus de leschte Joren? All dat verréit d'Musekerin dem Lex Kauffmann am Interview.

Lauschterenplay_arrow

Fir weider Infoen zum Festival, fannt dir all wichteg Informatiounen hei.