Vienna Meets Prague ass de Concert Euroradio iwwerschriwwen. Dora verbannen sech de Wiener Klavierquartett mat engem Dirigent zu engem Quintett. Et ass den Tschech Petr Popelka, deen dohinner zréck geet wou seng Karriär ugefaangen huet. Um Kontrabass. Hie spill mat am Johann Nepomuk Hummel sengem Quintett. Dono stinn nach Pianosquartetter vu Martinu a Brahms um Programm
Dëse Concert ass den 2. Juni 2024 zu Prag opgeholl ginn a gëtt Iech presentéiert vum Remy Franck. Dëse Concert kann ee bis de 24. Dezember an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Johann Nepomuk Hummel: Pianoquintett, op. 87
Bohuslav Martinů: Pianoquartett, H. 287
Johannes Brahms: Pianoquartett Nr. 1, op. 25
Interpreten:
Petr Popelka, Kontrabass
Wiener Klavierquartett