Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

Resonanzen

rainy days, Salon de Helen Buchholtz, Trio Dora, an ee Concert um éischten Advent

E Bléck op d'Aktualitéit aus der Welt vun der Klassik. ë

auto_stories

2 min

Lex Kauffmann

"Extremes" - dat ass de Motto vum rainy days Festival dest Joer an der Philharmonie. Dee geet vum 20. bis de 24. November. D'Directrice artistique Catherine Kontz huet méi verroden.

Inteview mat der Catherine Kontzplay_arrow

De 24. a 27. November sinn déi nächst Concerten vum "Salon de Helen Buchholtz" am Bridderhaus zu Esch, an den 1. Dezember steet eng Table Ronde a Kollaboratioun vum opus 100,7 um Programm. Den Directeur artistique Claude Weber seet datt een elo an der Hallschent vum Salon schonn erëm vun engem Succès schwätze kann.

Interview mam Claude Weberplay_arrow

D'Maîtrise séngt op dem éischten Advent hiren traditionelle Concert "Au Seuil de l'Avent" mat engem Programm, deen zu 100% aus Bruckner besteet. Dëst Joer awer net wéi gewinnt mam OCL, mee mam Estro Armonico. Den Dirigent Marc Dostert verréit méi.

Interview mam Marc Dostertplay_arrow

"The Dora Journey" - dat ass e Podcast vum opus 100,7. Den Trio Dora, deen am Mëttelpunkt vum Podcast steet, huet den 23. November e Concert gespillt am Mierscher Theater, an och bei deem stoung d'Komponistin Dora Pejačević am Vierdergrond.

Interview mat de Musekerinnen Annalena Castagna a Carole Mallinger-Leyersplay_arrow

Da stelle mir och nach eisen neie Klassik-Album vun der Woch vir: "Notturno". Dat ass de neien Album vun der Geeistin Eva Zavaro an dem Pianist Clément Lefebvre mat Musek vum Gabriel Fauré a Karol Szymanowski.

Klassik-Album vun der Wochplay_arrow