Déi zweet Editioun vum Prix Anne et Françoise Groben war den Donneschden Owend an der Philharmonie, an déi huet d'Ekipp vum opus souwuel op der Bün wéi och um Radio moderéiert.
Déi ganz Finall kann een hei nokucken: Finall vum Prix Anne et Françoise Groben 2024
Den Dag drop gouf et dann e weidere groussen Optrëtt an der Philharmonie. Do huet de jonke Letzebuerger Cellist Benjamin Kruithof zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker gespillt. Um Programm stoungen d'Rokoko-Variatioune vum Tchaikowsky - dat Wierk wat den jonken Cellist och schonns 2017 an der Finall vun der éischter Editioun vum Prix Anne et Françoise Groben opgefouert huet.
Dee Concert kann een hei nolauschteren: Concert mam Benjamin Kruithof
Haut um 5 Auer ass dann e Concert mat der Luxembourg Philharmonia an engem jonke Pianist am Centre Culturel MACHERA zu Gréiwemaacher. Solist um Piano ass de Johan Perdigão an am Mëttelpunkt vum Concert steet dem Robert Schumann säi Concerto fir Piano.
Da stelle mir och nach eisen neie Klassik Album vun der Woch vir: "Glass Two". Dat ass de neien Album vum Pascal Schumacher an der Danae Dörken. Dorop spillen de Lëtzebuerger Vibraphonist an déi däitsch-griichesch Pianistin Wierker vum Amerikaner Philip Glass an och eege Kompositioune vum Pascal Schumacher.