Radioen

On air

De barocke Moien  |  Eric Coates - Springtime Suite, I. - Slovak Radio Symphony Orchestra, Andrew Penny (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Ee grujelegen an een traditionelle Programm

HALLOWEEN AN ALLERSÉILEN UM OPUS

Ee grujelegen an een traditionelle Programm

En Halloween-Concert am Veianer Schlass, eng Halloween-Playlëscht an den traditionelle Concert op Allerséilen an der Méchelskierch.

auto_stories

2 min

Haut den Owend gëtt et am Veianer Schlass e Concert mam Motto "Ein Abend mit Dracula". Hei si net nëmmen d'Musekerinnen a Museker vun der Kammerata Luxembourg passend verkleet, mee och de Public kann a grujelege Kostümer kommen. Um Programm steet ënnert anerem dem Philip Glass seng Filmmusek vun Dracula an eng Liesung aus dem Bram Stoker sengem Roman. De Concert ass den Optakt fir de Festival "MusicDays Vianden" vun der Kammerata Luxembourg.

Lauschterenplay_arrow

A passend fir de grujelegsten Dag vum Joer huet de Christophe Mirkes aus der Klassik-Ekipp eng Halloween-Playlëscht erstallt, déi een op www.opus.radio lauschtere kann. Perfekt fir wann een onheemlech Musek léiwer ouni onheemlech Biller héiert.

Lauschterenplay_arrow

No Halloween kënnt dann ëmmer zimmlech séier Allerhellegen an Allerséilen. Um Owend vun Allerséile gëtt et an der Méchelskierch an der Stad scho fir déi 32. Kéier den traditionelle Concert vum Méchelschouer. Am Mëttelpunkt steet do dem Gabriel Fauré säi weltberüümte Requiem.

Lauschterenplay_arrow