Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Muzio Clementi - La Chasse a Ré Majeur, Op. 16, III. Allegro assai - Rodolfo Leone (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Ee musikalescht Freedefeier zum Europadag

9. Mee zu Mäerzeg

Ee musikalescht Freedefeier zum Europadag

Ad Libitum spillt dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek, nieft Vivaldi, Telemann an och manner bekannte Komponisten aus der Zäit vum Barock.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

Ad Libitum | © Corinne Hennico play_arrow
Ad Libitum (Foto: Corinne Hennico)

"Ein musikalisches Feuerwerk zum Europatag" - dat ass de Motto vum Concert, deen Ad Libitum de 9. Mee Moies an der Kierch zu Mäerzeg spille wäert. De Lëtzebuerger Ensembel fir Barockmusek setzt sech zesummen aus 40 Museker:innen, vun deenen ee groussen Deel hei mat dobäi ass. Um Programm steet Musek vu fënnef Komponisten an am Fokus ass dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek. Nieft anere groussen Nimm wéi Vivaldi an Telemann stinn och zwee manner bekannt Komponisten op der Affiche. Een dovunner ass de Benedikt Anton Aufschnaiter, deem seng "Serenada della pace" gespillt gëtt. Am grousse Ganzen ass et e Concert, deen am Zeeche vum Fridde steet, well dat jo d'Haaptiddi hannert dem Europadag ass, wéi de Rosch Mirkes verréit.

De Leeder vun Ad Libitum, erzielt méi am Gespréich mam Marie Schockmel. 

Lauschterenplay_arrow