Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Nikolai Rimski-Korsakow - Scheherazade, Op. 35, III. De jonke Prënz an déi jonk Prinzessin - Oslo Philharmonic Orchestra, Vasily Petrenko (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

digital-library

digital-library

/ Ee vun de gréisste Spezialiste vun zäitgenëssescher Musek

Concert

Ee vun de gréisste Spezialiste vun zäitgenëssescher Musek

Mam Sylvain Cambreling steet ee vun de gréisste Spezialiste vun zäitgenëssescher Musek virum WDR Sinfonieorchester, mat ganz verschiddene Stécker ...

auto_stories

1 min

headphones

86 min

WDR Sinfonie Orchester play_arrow

Mam Sylvain Cambreling steet ee vun de gréisste Spezialiste vun zäitgenëssescher Musek virum WDR Sinfonieorchester. An engem Programm mat Wierker vu Peter Eötvös, Toshio Hosokawa, Lisa Streich a Philipp Maintz, Stécker an deenen et ëm esou verschidden Theeme geet wéi Dreem no engem Äerdbiewen, dem Berliner Nuetsliewen, eng fragil Äisschicht an en ungarescht Märchen.

Dëse Concert gouf den 22. Juni 2024 am Klaus von Bismarck Saal zu Köln opgeholl ginn. Dir kënnt de Concert bis den 10. Dezember 2024 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Philipp Maintz: Der Zerfall einer Illusion in farbigen Scherben
Lisa Streich: Meduse - Elle est belle et elle rit, fir Trompett an Orchester
Peter Eötvös: Mese
Toshio Hosokawa: Erdbeben. Träume

Interpreten:

WDR Sinfonieorchester, Köln
Sylvain Cambreling, Direktioun
Simon Höfele, Trompett